BCE baut DAB+ Infrastruktur zu Lëtzebuerg aus

Nodeems de Broadcasting Center Europe d’Lizenz krut, gouf déi éischt Phase vum Ausbau ofgeschloss mat der Installatioun vun neien Antennen a Senderen zu Diddeleng, Hosingen a Jardin Napoléon.

An der zweeter Phase, geplangt fir 2026, ginn nach sechs Sender dobäigesat fir am ganze Land d’Recep­tioun ze optimiséieren an d’Ofdeckung auszebauen.