DAB+ Radio. Méi Radio fir jiddereen.

DAB+ ass den digitalen Nofollger vum FM.

Radio mat méi Villfalt, klorem Klang a villen Zousazfunktiounen. DAB+ Radio ass onofhängeg vum Internet a mobil.

DAB+ Ënnerwee

DAB+ Ënnerwee

Perfekte mobillen Empfang
Lauschter DAB+ Radio ënnerwee an der Fräizäit. Beim Joggen oder Campe muss de net op däi Liblingsradiosprogramm verzichten. Hiersteller bidde batteriebedriwwe portabel Radioen un, déi de Radiosempfang onofhängeg vun enger Stroumquell erméiglechen. Portabel Radioe mat Kopfhörer passen an all Täsch a sinn ideal Begleeder beim Joggen. Iwwregens: DAB+ brauch keng Daten a schount däin Handy-Akku.
DAB+ Norüsten

DAB+ Norüsten

Einfach a bëlleg
Ären Occasiounsauto oder Camper kënnt Dir ganz einfach mat sougenannte Car Adapteren oder Geräter fir den DIN-Schacht norüsten.
DAB+ doheem

DAB+ doheem

Méi Radio an den eegene véier Wänn
Och wann d’DAB+-Sendernetz fir de mobillen Empfang optimiséiert ass, kéint et awer duerchaus méiglech sinn, DAB+ doheem ze lauschteren.