Den 1. Dezember mécht déi lëtzebuergesch Radiolandschaft e grousse Schratt mam offizielle Start vun der digitaler DAB+ Diffusioun. Nolauschterer kënnen eng méi breet Offer u Radiosendere genéissen, an dat an enger besserer Qualitéit. Fir d’Bierger iwwert dës nei Technologie ze informéieren, gëtt am Laf vum Dezember eng Campagne gestart.
Hei drënner fannt dir d’Radiospots déi am Kader vun dëser Campagne produzéiert gi sinn.