FAQ

Froen & Äntwerten

IWWERT DAB+

Wat ass DAB+?

DAB+ ass digital-terrestresche Radio, also digitale Radio vum Emissiounsmast bis bei d’Empfangsgerät. Et ass den Nofollger vum FM, dem analoge Radio.
DAB+ bitt nieft dem kloren, digitale Klang ouni Internetkäschten, och wäertvoll Zousazdéngschter un, wéi z.B. elektronesch Programmguiden, faarweg Albumcoveren, Noriichten oder Verkéiersinformatiounen.

Wéi eng Virdeeler huet den DAB+ Empfang?

Méi Auswiel: Mat DAB+ kënnen op engem eenzege Frequenzblock méi Programmer iwwerdroe ginn. Dës méi effizient Notzung vun de terrestrësche Frequenze mécht eng méi grouss Gesamtzuel u Programmer méiglech.
Nei Offeren fir all Geschmack: Duerch déi effizient Verdeelung kënnen och nei Nicheprogrammer ugebuede ginn, wéi z. B. lokal Informatiounen, klassesch Musek oder Schlager.
Digitalen Empfang onofhängeg vum Internet: Den DAB+ Empfang kascht näischt a verbraucht keen Internetvolumen. DAB+ kann op onendlech ville Geräter gläichzäiteg an ouni Qualitéitsverloscht empfaange ginn.
Digital Qualitéit mat moderner Iwwerdroungstechnik: DAB+ bitt e kloren digitalen Toun, komplett ouni Dauschen a mat stabilem Klang: haart bleift haart a lues bleift lues.
Zousätzlech Servicer an Text a Bild: DAB+ erlaabt d’Iwwerdroung vu weideren Informatiounen nieft dem Programm, wéi Wiederkaarten, Programmguiden (EPG) an Detailer wéi Schlagzeilen oder Museksinformatiounen.
Ongestéierte Genoss beim Lauschteren dank gudder Netzofdeckung: DAB+ deckt méi wéi 98 Prozent vum Land of. Dat bedeit, datt een dobaussen an ënnerwee op 98 Prozent vun der nationaler Fläch digital iwwer DAB+ Radio lauschtere kann. D‘Haaptachse si vollstänneg couvréiert.
Einfach a bequem Benotzung: D’Sichen an d’Ofspäichere vu Frequenzen ass net méi néideg, dank der automatescher Sendersich.
Dauschfräi mobil Transmissioun ouni Frequenzsich: En DAB+ Autoradio iwwerdréit all national DAB+ Programmer och bei méi laangen Trajeten ouni manuelle Frequenzwiessel.

Wéi kann een DAB+ empfänken?

Fir Radio iwwer DAB+ ze lauschteren, brauch een en digitale Radio, deen DAB+ ënnerstëtzt. All modern digital Radioe kréien nieft DAB+ och FM. Beim Kaf vun engem Radio gëtt geroden, direkt no der DAB+ Norm ze froen. Et ginn och vill Hybridapparater, déi Audiosignaler iwwer verschidde Weeër empfänke kënnen, wéi DAB+, FM an Internet. Méi Informatiounen op dabplus.lu/radios.

Firwat ass DAB+ den neie Radiosstandard?

Déi analog Radiosiwwerdroung huet scho laang hir Grenzen erreecht. Déi disponibel FM-Frequenzen si voll besat, dat heescht et gëtt keng Méiglechkeet méi, nei Programmer iwwer FM auszestralen. Zousätzlech mécht d’Digitaliséierung an der Mediewelt grouss Schrëtt no vir. De Radio däerf net eng analog Insel (FM) an engem Mier vun digitale Medie bleiwen. DAB+ ass de moderne Radio: e bitt eng méi grouss Villfalt u Programmer duerch digital Signaltransmissioun, zousätzlech Multimedia-Servicer an eng komfortabel, einfach Benotzung.

Wéi eng Programmer kann ech mat mengem DAB+ Radio-Gerät empfänken?
  • Crooner Radio
  • Eldoradio
  • L’essentiel Radio
  • LOR’FM
  • Nostalgie Luxembourg
  • Opus 100,7
  • Radio 100,7
  • Radio ARA
  • Radio Latina
  • RTL Deutschlands Hit-Radio
  • RTL Radio Lëtzebuerg
  • Today Radio
Wat geschitt mat mengen FM-Programmer?

Dir kënnt haut schonn en DAB+ Radio kafen, well FM bei bal allen Apparater abegraff ass. Dat heescht, Dir kritt Zougang zu neie Programmer a kënnt gläichzäiteg Är Liblingssendere lauschteren, déi schonn op DAB+ ëmgestallt hunn. Alternativ kënnt Dir wéi gewinnt FM lauschteren a spéider wiesselen.

Wat ass den Ënnerscheed tëscht DAB+ an Internetradio?

DAB+ funktionéiert ouni Internetverbindung a bitt e robuste, krisesécheren Iwwerdroungswee. Klassesche Radio, vum Sender bis bei den Empfänger, bleift eng zouverlässeg Informatiounsquell, och wann den Internet net disponibel ass.

Kascht DAB+ extra?

Nee. Ausser dem Akafspräis fir en DAB+-kompatibele Radiosapparat ginn et keng zousätzlech Käschten. Déi digital Radiosprogrammer kënne gratis empfaange ginn.

Wat sinn d’Zousazservicer?

DAB+ kann net nëmmen Audiosignaler iwwerdroen, mee och aner Donnéeë wéi Text, Biller an interaktiv Elementer, wéi Fussballresultater, faarweg Albumcoveren, Wiederkaarten, asw. Dat gëtt de Sender d’Méiglechkeet, Multimediaservicer nieft de „klassesch Radiosprogrammer“ unzebidden:

DLS/DLS+ (Dynamic Label Service): Textinformatiounen zum Programm, wéi Kënschtlernumm, Titel vum Lidd, Numm vum Album, etc. ginn um Display ugewisen, gespäichert (DLS+) a kënnen zu all Moment ofgeruff ginn.
EPG (Electronic Programme Guide): Eng detailléiert Programmiwwersiicht mat Beschreiwungen, fir en Iwwerbléck iwwert de Radiosprogramm ze behalen.
SLS (Slideshow Service): Bildinformatiounen, wéi z.B, Senderlogoen, Albumcoveren, etc. ginn um Bildschierm ugewisen.
TPEG (Transport Protocol Experts Group): Zousätzlech zum Radiosprogramm ginn aktuell Verkéiersinformatioune méi präzis, séier a komplett iwwerdroen (am Verglach zu TMC).
RADIO VIS: Biller, déi zum aktuelle Programm passen, ginn um Display gewisen.
FILE COLLECTOR: Erméiglecht den Empfang an d'Späichere vu programmbegleedenden Audiodateie via Broadcast-Technologie (ouni Internet).
JOURNALINE: Parallel zum Radiosprogramm kënne Informatiounen, déi onofängeg zum Programm sinn, opgeruff ginn, wli z.B. Bourse-Donnéeën, Sportsresultater oder Noriichten.
BWS (Broadcast Web Site): Dir kënnt ergänzend Websäiten direkt op Ärem Radiodisplay opruffen.
ANNOUNCEMENTS: Sécherheetswarnungen a Verkéiersinformatiounen ënnerbriechen automatesch, z. B. wann Dir eng CD lauschtert.

Gëtt den FM-Empfang ofgeschaaft?

Technesch gesinn ass den DAB+ den digitalen Nofollger vum analogen FM-Empfang iwwer Antenn. Zu Lëtzebuerg gëtt et awer weder e festgeluechte politeschen Datum fir d’Ofschafung vum FM, nach eng politesch Bereetschaft FM komplett ofzeschafen. Norwegen an d’Schwäiz hunn FM schonn ofgeschaaft, an aner Länner plangen den Ausstig an de kommende Joren. Beim Kaf vun engem neien Apparat gëtt recommandéiert ze kontrolléieren, ob dësen DAB+ ënnerstëtzt. Digital Radioe kënnen nieft DAB+ nach ëmmer FM empfänken, soudass Dir fir d’Zukunft gutt virbereet sidd.

DAB+ EMPFANG AM AUTO

Kann DAB+ och am Auto empfaange ginn?

Jo, DAB+ kann och am Auto empfaange ginn. Hei kommen déi vill nei Multimediaservicer (Funktiounen hänken vum Apparat of) besonnesch zur Geltung, genausou wéi déi vereinfacht Programmastellung duerch déi automatesch Frequenzsich.

Ass DAB+ standardméisseg an Autoen agebaut?

Den Europäesche Elektronesche Kommunikatiouns Kodex (EECC) schreift vir, datt all Neiwon, deen an der EU zanter 2021 verkaf gëtt, en digital-terrestreschen Empfänger muss enthalen, iwwert deen DAB+ gelauschtert ka ginn.

Ginn et och Navigatiounssystemer mat DAB+-Empfang?

Jo, déi meescht Autoshiersteller bidde kombinéiert Systemer mat Navigatioun an DAB+-Radiosempfang fir d’Gefier un. Aktuell benotzen dës Systemer nach ëmmer d’TMC-Verkéiersinformatiounen, déi iwwert den FM gesent ginn oder Donnéeën aus dem Internet iwwer eng Mobilfunkverbindung.

Brauch ech en Internetzougang fir DAB+ am Auto?

Nee, DAB+ brauch keen Internetzougang. D’Signal gëtt via Antenn iwwerdroen a garantéiert domat en zouverlässegen Empfang. Wann Dir an eng Géigend fuert, wou keen Handysempfang ass, dann ass dat fir Ären DAB+ Apparat guer kee Problem. Dir profitéiert weiderhi vun engem klore Klang an aktuelle Verkéiersinformatiounen.

Kann ech mäin hierkëmmlichen Autosradio ëmrüsten?

Je no Alter a Modell vum agebaute Radio kann dësen op eng gënschteg Manéier ëmgerüst ginn. Vill Hiersteller bidden entspriechend DAB+ Adapteren un, déi einfach ze montéiere sinn. Dës enthalen eng Scheif- oder Daachantenn an den entspriechenden Adapter.

Firwat brécht den DAB+ Empfang wärend dem Trajet of?

Obwuel den DAB+ eng national Ofdeckung huet, ginn et nach vereenzelt Lücken. Wann de Programm an dëse Géigenden iwwer FM disponibel ass, wiesselt den Autosradio automatesch an ouni Ënnerbriechung dank dem „seamless blending‘.

Kënnen DAB+ Programmer aus anere Länner zu Lëtzebuerg empfaange ginn?

Jo, och Programmer aus de Nopeschlänner kënnen zu Lëtzebuerg empfaange ginn.