News

Aktuelles ronderëm den DAB+

Start vum DAB+ den 1. Dezember

Den 1. Dezember mécht déi lëtzebuergesch Radiolandschaft e grousse Schratt mam offizielle Start vun der digitaler DAB+ Diffusioun. Nolauschterer kënnen eng méi breet Offer u Radiosendere genéissen, an dat an enger besserer Qualitéit. Fir d’Bierger iwwert dës nei Technologie ze informéieren, gëtt am Laf vum Dezember eng Campagne gestart. Hei drënner fannt dir d’Radiospots déi am Kader vun dëser Campagne produzéiert gi sinn.

Déi 12 Radiosender fir den éischten nationale DAB+ Multiplex zu Lëtzebuerg

Fir de Mediepluralismus ze stäerken an d’Digitalradio ze entwéckelen, huet de Service des médias, de la connectivité et de la politique numérique (SMC) de 26. Februar 2025 en ëffentlechen Opruff fir d’DAB+ Diffusioun gestart. No Evaluatioun an Avis vun der ALIA goufen dës 12 Sender fir den éischten nationale Multiplex ausgewielt: Crooner Radio, Eldoradio, L’essentiel Radio, LOR’FM, Nostalgie Luxembourg, Opus 100,7, Radio 100,7, Radio ARA, Radio Latina, RTL Deutschlands Hit-Radio, RTL Radio Lëtzebuerg, Today Radio.

BCE baut DAB+ Infrastruktur zu Lëtzebuerg aus

Nodeems de Broadcasting Center Europe d’Lizenz krut, gouf déi éischt Phase vum Ausbau ofgeschloss mat der Installatioun vun neien Antennen a Senderen zu Diddeleng, Hosingen a Jardin Napoléon. An der zweeter Phase, geplangt fir 2026, ginn nach sechs Sender dobäigesat fir am ganze Land d’Recep­tioun ze optimiséieren an d’Ofdeckung auszebauen.